D'Croix-Rouge huet hiert Virgoe verdeedegt fir keng ëffentlech Ausschreiwung ze maache, wéi et am Marchés Publics Gesetz virgesinn ass. Et wier keng ëffentlech Ausschreiwung ginn, ma dofir eng Konkurrenzprozedur esou de neie Generaldirekter Marc Wagener.
"Also d'Marché -publics-Gesetz, dat ass net eppes wat elo eent oder null ass. Also si mir en ëffentlechen Ausschreiwer oder net, do gëtt et eng marge d'appréciation, dat ass esou eendeiteg net."
D'Konkurrenzprozedur wier zënter 2018 gelaf.
Vun 11 Projete sinn der dräi iwwereg bliwwen
Ronn 26 Acteuren hätten deemools Informatiounen ugefrot. Um Enn hätte 6 Kandidaten am Ganzen 11 Projeten agereecht. No enger éischter Evaluatioun wiere fënnef Projeten zeréckbehale ginn, duerno nach dräi.
„An aus deenen dräi hu mir dee gewielt, dee souwuel funktionell wéi och finanziell dee beschte war. Dat heescht, mir hu faktesch awer en Appel à candidatures gemaach.“
D'Croix-Rouge geséich dowéinst kee gréissere juristesche Risiko. Si wier wärend der ganzer Prozedur och am Austausch mat den zoustännegen Autoritéite gewiescht, argumentéiert de Marc Wagner.
Croix-Rouge wëll sech och an der Chamber erklären
De Projet vum neie Gebai um Houwald gëtt ënner anerem duerch den Tausch vun engem Terrain um Geesseknäppchen an de Verkaf vun eegene Gebaier finanzéiert. Fir den Deel vum Blutttransfusiounszenter soll nach eng staatlech Bäihëllef vu ronn 38 Milliounen Euro dobäikommen.
D'Croix-Rouge wëll hir Prozedur an den nächste Wochen och an der Finanzkommissioun vun der Chamber erklären.